|
Mir sinn eng motivéiert Equipe vun ongeféier 30 aktive Pompjeeën déi fir d’Gemengen Bartreng a Stroossen zoustänneg sinn.
Dëst bedeit, dass mir nieft eise regelméissegen Übungen (Theorie a Praxis) och nach allsäits Asaz bereet sinn, fir iwwer 200 Asetz d’Joer ze fueren.
Wann dech daat och interesséiert, da schwätz eis einfach un, oder mell dech einfach bei eis!
Eis Jugendpompjeeën (8 - 16 Joer) verzielen Iech gär wat si op hiren Übungen, Aktivitéiten an Ausfliich iwwert Joer sou erliewen.
Eis Amicale organiséiert donieft eis verschidden Aktivitéiten (Nuetsrallye, Chrëscht-Maart, Mee-Feier, 1.Hëllef-Cour,…) an ass fir all Mënsch op.
Maach mat wann eis Matbierger Hëllef brauchen... Well och dir sidd frou, wann äre Noper Iech hëlleft... |
|