Buergbrennen 2015

Geschriwwen den 12/02/2015

Och dëst Joer kritt de Wanter säin Ofschlossmam Buergbrennen gewisen, den CI Bartreng-Stroossen wäert um Buergsonnden souwuel zu Bartreng wei och zu Stroossen fir e sécheren Déroulement vum Fakelzuch an dem Ufänken vun der Buerg suergen. Et sierf ze widderhuelen, dass eng Fakel keng Spillsaach ass, an dass d’Eltren gebieden sinn opzepassen, dass hir Kanner.. méi liesen →

Zäitëmstellung an Sécherheetshinweis

Geschriwwen den 24/10/2014

De Wanter steet virun der Dir, an domat och d’Wanterzäit. Dësen Sonndeg gëtt an der Nuecht d’Auer eng Stonn zréck gesat. Huelt Iech dach einfach dei eng oder aner Minutt mei, an iwwerpreift och an engems Äer Rauchmelder. Maacht Dir daat am Hierscht an am Wanter jeweils bei der Zeitëmstellung, sou ass eng regelméisseg Kontroll.. méi liesen →

Übung ënner méi realen Bedengungen

Geschriwwen den 01/10/2014

Dënsdes den 30. September huet den CIBS d’Méiglechkeet krut, eng Übung ënnert méi realen Bedengungen ze organiséieren. An enger aler Schoul déi demnächst ofgerappt gëtt, konnt mat Hëllef vun enger Niwwelmaschinn, an dem Chaos am Keller, eng äusserst realistesch Übung ofgehalen ginn. Szenario: Explosioun am Keller vun der Schoul, eng bis zwou Persounen vermësst. méi liesen →

Resultater Nuetsrallye 2014

Geschriwwen den 06/08/2014

  Gratulatioun un all Ekipp déi um Nuetsrallye Deel geholl huet. Hei fannt Dir nach emol d’Resultater vun all den Ekippen: 1. FC Kajot Béier (8) – 1242 Punkten 2. Haaptsaach en dommen Numm (12) – 1225 Punkten 3. Powerladies (3) – 1130 Punkten 4. Roude Léiw (13) & Peter Pan Clan Pan Pang (11).. méi liesen →

Nuetsrallye an Duerffest 2014

Geschriwwen den 22/07/2014

Och dëst Joer heescht et zu Bartreng nees: et ass Duerffest. Traditionell zum Duerffest heescht et dann beim CIBS nees: et ass Nuetsrallye! Genau wéi d’läscht Joer erwaard Iech nieft engem flotten Programm um Duerffest dëst Joer och neess een intressanten Nuetsrallye, wou mir Iech eng aner Säit vun Bartreng méi no brengen. Den Nuetsrallye.. méi liesen →

Harespelen oder Beien

Geschriwwen den 12/07/2014

Hudd Dir Harespelen oder Beien an Äerem Gaart? Op eisem Site fannt Dir elo all néideg Informatiounen fir déi richteg Hëlef ze kréien: http://cibs.lu/harespelen-beien/ méi liesen →

Meekränz bannen

Geschriwwen den 03/05/2014

Och den C.I. Bartreng-Stroossen huet sech um éischten Mee getraff, fir zesummen Meekränz ze bannen. Zesummen mat de Kollegen aus dem Rollengergronn hu mir sou eis Kränz gebonnen, dës dunn verdeelt an uschléissend zesummen gegrillt.   méi liesen →

Nei Identitéit an Schlësseliwwergab

Geschriwwen den 24/04/2014

No deenen villen Stonnen Aarbecht déi souwuel d’Memberen wéi och de Kader an Preparatiounen gestach hunn, war Gëschter deen groussen Dag. Nieft eiser Generalversammlung vun der Amicale, dem Aktivitéitsbericht vum Centre d’Intervention gouf dann fir t’Éischt deen neien Numm, Centre d’Intervention Bertrange-Strassen, an dat dozou passend Logo presentéiert. Zum Schluss koum dunn dat eigentlecht Thema.. méi liesen →

Provisoresch Ofnam vum GW-L2

Geschriwwen den 26/03/2014

Nodeems am Februar 2014 d’Rohbauabnahme ouni Problemer iwwer d’Bühn gelaf ass, stoung den 20. Mäerz 2014 dann déi provisoresch Ofnam um Programm. Hei hunn mir den GW-L2 dunn komplett mat Beschrëftung gesinn a kontrolléiert ob alles esou ass wéi virgesinn. Ufanks der kommender Woch wäert de Won dann ob Lëtzebuerg iwwerfouert ginn fir sech den.. méi liesen →